
D’Agence eSanté mellt Problemer mat de Luxtrust-Produiten an zwar bei der Authentifizéierung via Scan oder via Luxtrust Mobile. Et kéint sinn, datt d’Servicer temporär net accessibel sinn.
Hannergrond wier en Defaut bei der mise en conformité vun der genannter Agence. Betraff ass ënner anerem de Patientendossier, de Paiement immédiat direct oder nach den elektroneschen Impfcarnet.
Wann een Hëllef brauch, soll ee sech op der Helpline vun der Agence eSanté ënnert der Nummer 2712 5018 33, per Mail un helpdesk@esante.lu oder per Formulaire mellen.
Dat ganzt Schreiwes vum Gesondheetsministère an der eSanté op hirem Site.