
D'Poliziste sinn dovunner ausgaangen, datt d'Männer an en Drogendeal verwéckelt waren. Wéi si d'Beamte gesinn hunn, si béid fortgelaf. Ee vun de Männer war a Richtung Rue de la Gare ënnerwee an op senger Flucht huet hien e Behälter mat zwou Kokainkugelen ewechgehäit. Ma de Mann koum net wäit an d'Beamte konnten hie stellen. De Mann gouf duerchsicht a bei him gouf en Handy an eng geréng Geldzomm fonnt. Bei der Perquisitioun beim Mann doheem goufe 24 Kokainkugelen, Handyen a Boergeld fonnt. De Mann koum nach e Méindeg virun den Untersuchungsriichter.
Den zweete Mann aus dem Drogendeal konnt net ermëttelt ginn.