“Wann een ofhängeg ass, ass een automatesch och extrem vulnerabel - an déi Vulnerabilitéit kënne mer eis an dëse geopolitesch zougespëtzten Zäiten absolut net erlaben.” Dat sot de Lëtzebuerger EU-Kommissär Christophe Hansen e Méindeg an der Chamber. Mir bräichten en Europa, dat am geopolitesche Beräich erëm méi Gewiicht huet:
“En Europa, wat méi kompetitiv gëtt an doduerch fäerdeg bréngt, déi néideg Betriber an Europa ze halen, fir an Zukunftssecteuren eng Roll ze spillen. Zum Beispill bei der Technologie vu Batterien, der kënschtlecher Intelligenz, mee och der Liewensmëttelproduktioun.”
En zentrale Punkt vum Plang wier donieft awer och d’Defense. Am allgemenge bräicht ee méi Europa, sou de Christophe Hansen:
“Mir wëssen als Lëtzebuerg, mir wieren eleng zimmlech schwaach. Zesummen si mer méi staark an déi Stäerkt muss weider ausgebaut ginn. Mir mussen och vill Barrièren am Bannemaart ofschafen, fir déi Kompetitivitéit déi mer brauchen och zréck kréien.”
De Rendez-vous e Méindeg um Krautmaart ass traditionell um Ufank vum Joer, wou den EU-Kommissär d’Lëtzebuerger Parlamentarier iwwert de Programm vun der Kommissioun informéiert. De Christophe Hansen huet den Echange extrem wichteg genannt a betount datt hien d’Doleancë vun den Deputéierte mat op de Wee géif huelen.