Äntwert op parlamentaresch FroEt gëtt ëmmer manner gefälschte Suen zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Manner wéi ee Prozent vum Falschgeld, dat an Europa am Ëmlaf war, gouf am Grand-Duché fonnt.
© AFP

Dat geet aus der Äntwert vum Finanzminister Pierre Gramegna op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo ervir.

2018 goufen zu Lëtzebuerg eppes manner wéi 1.000 gefälschte Schäiner fonnt, eng 150 manner wéi nach dat Joer virdrun.

De 50-Euro-Schäi gëtt am heefegste probéiert nozemaachen, duerno kënnt den 20-Euro-Schäin. D'Fälschunge vun den 100-Euro-Schäiner sinn iwwerdeems staark zeréckgaangen.

Am éischte Semester zejoert hunn déi eppes manner wéi een Drëttel vun de Fälschungen ausgemaach. An den éischte sechs Méint vun dësem Joer ass nëmmen nach all zéngte gefälschte Schäin ee vun 100 Euro.

De Gros vum Falschgeld gëtt vun de Banke fonnt. Nëmmen 11 Prozent vun de Fälschunge gi vu Privatleit oder Commerçante fonnt.

PDF: Äntwert vum Pierre Gramegna op eng parlamentaresch Fro vum Mars Di Bartolomeo

Back to Top
CIM LOGO