Welt-Bluttspender-DagEt ginn ëmmer nei Spender gesicht

RTL Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg hunn zejoert iwwer 13.700 Leit Blutt gespent.
© AFP

Um Welt-Bluttspender-Dag en Dënschdeg wollt d’Rout Kräiz de sëllege Spender eng Kéier Merci soen. D’ONG erhofft sech awer och iwwer dëse Wee nei Spender ze fannen. D’Zuel u Spender bleift nämlech stabel, an dat obwuel de Besoin vun de Spideeler u Konserve klëmmt an och d’Populatioun zu Lëtzebuerg wiisst.

Welt-Bluttspender-Dag / Reportage Sabrina Backes

Der Croix Rouge Luxembourg no kéint een den Ament awer nach net vun enger Penurie schwätzen. An awer kann de Stock zu verschiddene Momenter am Joer knapp ginn, erkläert d’Andrée Heinricy, Doktesch am Centre de Transfusion sanguine vum Roude Kräiz. Dat ka sinn, wa Krankheete sinn, do hate mer an der Lescht vill Leit, déi sech hu missen ofmellen, wéinst Covid, oder well se Kontakt mat enger infizéierter Persoun haten. Dat ass och dann de Fall, wa mer Feierdeeg hunn, wou iwwer Mee oder Juni d’Leit net ëmmer disponibel sinn. A mir stinn elo vun der grousser Vakanz, dat heescht, mir hätte wierklech gären, dass eis Stocke solle gutt sinn.

D’Offer u Konserve passt d’Rout Kräiz un d’Demande vun de Spideeler un, déi tendenziell éischter klëmmt. Deementspriechend wichteg wier et, dass nach weider Leit sech fir een Don decidéieren.

Leit, déi fir déi éischt Kéier spende ginn, missten e Rendez-vous an der Zentral vun der Croix Rouge ausmaachen. Dee Moment maache mir fir d’Éischt eng kleng Bluttanalys, wou mer just déi rout Bluttkierpercher kucken. Da gëtt ee Questionnaire ausgefëllt an op Basis vun deem Questionnaire fënnt ee Gespréich mat engem Dokter statt, fir festzestellen, ob de Spender wierklech och eligibel ass, fir Blutt ze spenden.

Bei enger Vollbluttspend gi 475 Milliliter Blutt gespent. Dëse Virgang dauert tëscht 5 an 10 Minutten an deet net méi wéi wéi eng normal Bluttanalys. No der Spend kënnen dann aus dem Blutt Bluttkierpercher, Plättercher, a Plasma erausgeholl ginn. Des kënnen u verschidde Persoune gespent ginn. Mir hunn rout Bluttkierpercher, déi dacks gebraucht gi bei Accidenter oder och bei chronesche Krankheeten. Mir hunn do de Plasma, wou aus dem Plasma erëm eng Kéier verschidden Derivater kënnen hiergestallt ginn, fir Leit ze traitéieren, deene genee déi eenzel Facteuren am Plasma feelen. Dat Drëtt sinn och nach Plaquetten, ganz dacks bei Traitementer vu Chemotherapien, oder och bei verschiddenen Operatiounen oder schwéieren Autosaccidenter agesat ginn.

Wien also ee Mol spent, dee ka bis zu dräi verschiddene Persounen hëllefen. De Leit hëllefen, dat ass och een Haaptgrond vun de Spender, déi mer gefrot hunn.

Ech spenden zënter 5 Joer, dat aus deem Grond, well mäi Mann Leukemie huet an do hunn ech mer geduecht, ech misst eng gutt Saach maachen a Blutt spenden.

Éischtens ass een an enger reegelméisseger Kontroll. An et mécht een och nach eng gutt Saach derbäi.

Dass ech kann dozou bäidroen, fir aner Leit déi Blutt brauchen. An et ass ee jo selwer frou, wann een am Fall wär, wou ee selwer Blutt braucht, dass et dann och disponibel ass.

C’est un geste altruiste. C’est un geste qui nécessite aucun effort et que je fais depuis plusieurs ann ées.

Fir kënne méi Spender ze fannen, missten awer och méi Leit iwwer dëse wichtege Sujet sensibiliséiert ginn, an hinne villäicht och d’Angscht virum Spende geholl ginn. Dat sote sech och d’Jonk Affekote vum Jeune Barreau. Zesumme mat der Croix Rouge hate si en Dënschdeg en Informatiounsstand an der Cité Judiciaire opgeriicht a genee dëst gemaach.

Back to Top
CIM LOGO