
Dat gëtt een an enger Äntwert vun der Justizministesch Sam Tanson op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierten Paul Galles gewuer.
Bannent de Prisongsmaueren konnten d'Prisonéier sech awer wéi an normalen Zäiten fräi beweegen an hir Famill zu all Zäit via Skype an Telefon areechen. Duerfir gouf et och zwee mol eng Primm vu 50 Euro. Déi gëtt elo net méi bezuelt, well nees Visitten am Prisong erlaabt sinn.
D'Stëmmung wier am Ufank vun der Pandemie wuel zimmlech ugespaant gewiescht. Dat hätt sech awer och rëm geluecht, sou déi gréng Ministesch. Als sanitär Mesure huet all Prisonéier d'Recht op zwou Masken krut. Giischtercher hu Masken, Händschen, Desinfektiounsgel an aner spezifesch sanitär Produkter, fir hire Buro ze desinfizéieren. Desinfektiounsgel wier awer net fräi zougänglech am Prisong, sou d'Ministesch, fir méiglech Abusen ze verhënneren. Wärend der Pandemie waren och Infirmieren agesat ginn, fir z'informéieren a wann néideg direkt ze testen.
