
Et géif net nëmmen duergoen, fir d'Leit dozou opzeruffen sech ze versuergen an op anerer opzepassen. Et misst hei méi streng duerchgegraff ginn. Gläichzäiteg missten och Begleedmesure geholl ginn.
Och um wirtschaftleche Volet misst d'Regierung méi aktiv ginn. Den LCGB verweist do op d'Mesuren, déi a Frankräich geholl ginn. Do gouf jo annoncéiert een Fonds de solidarité en place ze setzen. Waasserrechnungen, oder Stroum an Gasrechnungen kënne vun den Entreprisen reportéiert ginn. Domadder sollen déi net finanziell belaascht ginn. Et misst garantéiert ginn, datt keng eenzeg Entreprise faillite geet oder an finanziell Schwieregkeeten geréit, déi se net méi gemeeschtert kritt.
Wat d'Kuerzzäitaarbecht ugeet, misst d'Regierung do eng méi vereinfacht Prozedur en place setzen.
Den LCGB mécht sech och Suergen ëm de Gesondheets- a Fleegesecteur. Do misst een direkt Moossnamen huelen. Wat d'Kanner vum medezinesche Personal a Spideeler ugeet, déi a Crèchen bei den Infrastrukturen ënnerkommen, ass et d'Revendicatioun, dat och op anert Personal z'erweideren. Zum Beispill op d'Botzpersonal.
D'Gewerkschaft kritiséiert dann och d'Kommunikatioun vun der Regierung. Déi misst méi strukturéiert a kloer ginn, esou den chrëschtleche Gewerkschaftsbond.