Fréieren LSAP-MinisterEtienne Schneider gëtt Beroder fir "Ilavska Vuillermoz Capital"

RTL Lëtzebuerg
De fréiere Minister Etienne Schneider schafft elo als Beroder fir "Ilavska Vuillermoz Capital". Dat ass um Internet-Site vun IVC ze liesen.
© RTL-Archiv

D’Firma schafft am Private Equity Beräich. Si gouf 2019 vun de Lëtzebuerger Laurent Hengesch an Alain Wildanger gegrënnt. Mat u Bord sinn ënner anerem och de Georges Bock, fréiere Managing Partner vu KPMG, an de Serge de Cilia, Ex-Chef vun der Bankenassociatioun ABBL.

Den Etienne Schneider schwätzt an enger éischter Reaktioun géintiwwer dem Paperjam vun enger eenzegaarteger Firma, déi vu Lëtzebuerger gegrënnt gi wier an déi séier géing wuessen.

Den Ekonomist Etienne Schneider huet tëscht 2012 an 2020 fir d’LSAP verschidde Ministerposte besat. 2020 hat hien eng eege Beroderfirma fir Entreprisë gegrënnt. Hie sëtzt dernieft a verschiddene Verwaltungsréit, bei ArcelorMittal, Besix Group a Lux TP SA.

Beim russesche Grupp Sistema hat hien am Februar demissionéiert, nodeems et vill Kritik am Kader vun der russescher Invasioun an der Ukrain gouf.iv

Back to Top
CIM LOGO