
De Jeannot Krecké war jo Member bei der East West United Bank an den Etienne Schneider beim Proprietäre vun der Bank, dem russesche Conglomerat Sistema.
Et géing een hoffen, datt d’Efforten déi an de leschten Deeg fir d’Mataarbechter gemaach goufen, hir Friichte wäerten droen.
Mir hoffen, dass deen inakzeptabel a grausame Krich séier en Enn kritt, schreiwen déi zwéin Ex-Politiker weider.
De Jeannot Krecké an ech hun bis haut den Owend, trotz viller Kritik, probéiert eiser Verantwortung an de Conseil’en vun East West United Bank an hirem Propriétaire, der Investmengesellschaft Sistema, zum Wuel vun de ville betraffene Mataarbechter an hire Familjen zu Lëtzebuerg gerecht ze gin.
Mir hoffen, dass eis Stabiliséierungseffort’en aus de läschten Deeg hir Friichten droen. Méi kënne mir elo nët maachen an hun dofir haut eisem Haaptaktionär matgedeelt, dass mir eis Funktiounen an de jeweilegen Verwaltungsréit opgin.
Mir hoffen, dass deen inakzeptable a grausame Krich schnell en Enn kritt an d’Leit erëm zu Fridde fannen.
s. Etienne Schneider
s. Jeannot Krecké