Video suergt fir OpreegungEttelbrécker Schluechthaus reagéiert op Kritik aus de soziale Medien

Monique Kater
Et si Biller, déi mat engem Handy gefilmt gi sinn, et gesäit een, wéi e Rand geschluecht gëtt, wat net gedéit soll gewiescht sinn.
Ettelbrécker Schluechthaus an der Kritik
Et si Biller, déi mat engem Handy gefilmt gi sinn, et gesäit een, wéi e Rand geschluecht gëtt, wat net gedéit soll gewiescht sinn.

An de soziale Medie suergt den Ament e Video, deen den 29. Februar 2020 online gesat ginn ass, op deem eng Zeen aus engem Schluechthaus ze gesinn ass, fir Opreegung. Et si Biller, déi mat engem Handy gefilmt gi sinn, et gesäit ee wéi e Rand geschluecht gëtt, an niewendru steet geschriwwen dat Ganzt wier zu Ettelbréck am Schluechthaus, an d'Béischt wier net gedéit. Leiden d'Déieren an engem Lëtzebuerger Schluechthaus? Ass d'Déiereschutzgesetz net respektéiert?

Schluechthaus Ettelbréck - De Reportage vum Monique Kater

E Schluechthaus mécht seng Dieren op, weist der Kamera de leschte Wee vum Déier - vum Auslueden un, bis zum Schluss. Reegelméisseg kéime Klassen aus der Akerbauschoul heihinner kucken. Déi lescht Etapp vun der Fleeschproduktioun. De Video an de soziale Medien, d'Doutmaache vun Déieren, dat deet natierlech méi wéi engem terribel wéi. Och der Direktioun vun Ettelbréck. Wann och aus enger anerer Ursaach. D'Biller sinn nämlech ganz sécher vun hei, seet de Chef vum Schluechthaus.

De Claude Graff: "Wat eis am Meeschte schockéiert, ass den Optrëtt vun eisem Aarbechter. Keng Ethik, kee Respekt virum Déier. Déi Persoun ass och net méi hei."

De Respekt virum Déier, de bien-être animal misst bis iwwert den Doud eraus gëllen. Ugefaange beim Bauer, bis bei deen dee schluecht. An dofir géifen et och Formatiounen. Keng Diskussioun, dass dat puer Theorie ass.

De Claude Graff: "Dee Film ass scho virun 3 Joer hei gedréit ginn, haut ass alles Kamera iwwerwaacht. Mir maachen een Appell un eis Leit, d'Déier mat Respekt ze behandelen. Et ass virkomm, mä et ass sécherlech net den Alldag hei. An dat Déier ass sécherlech korrekt betäubt ginn."

Dat seet och dee Veterinär Raoul Putz, deen Ettelbréck an d'Fleesch fir d'Veterinärsverwaltung kontrolléiert an hei op de Video reagéiert: "Ech kann d'Leit berouegen: Generell gëtt zu Lëtzebuerg an all Schluechthaus all Déier no de Reegele betäubt, éier et an den Doud geet. Dat heescht et ass an der Narkos an et stierft an der Narkos. Et ass hei leider net um Video, soss hätt een dat besser erkannt.

Extrait Raoul Putz
.....

"D'Betäubung huet virdru stattfonnt. D'Muskelverkrampfunge verroden eis, dass d'Gehier touchéiert, also ausgeschalt ass. Doduercher kommen déi Verkrampfungen, wat awer Réckemuerch-Reflexer sinn a wat näischt iwwer d'Bewosstsinn vum Déier ausseet." Et géif wat d'Déiden ugeet zeg Sécherheetsbarrièren, seet d'Veterinärsinspektioun, alles anescht wier eng Katastroph.

De 16. Mäerz komme mir am Dossier am Magazin op der Tëlee nach eng Kéier op dës Thematik zeréck.

Back to Top
CIM LOGO