Accord Lëtzebuerg an USAEvitéiere vun Duebelbesteierung vum September 2019 un

RTL Lëtzebuerg
Am Mee 2009 gouf den Text hei am Land finaliséiert, ma eréischt am Juli dëst Joer huet den US-Senat säin Accord dozou ginn.
© MFIN

Si hate sech e symboleschen Dag erausgesicht: De Finanzminister Pierre Gramegna an den US-Ambassadeur J. Randolph Evans hunn e Méindeg, um 75. Joresdag vun der Befreiung vu Péiteng nom Zweete Weltkrich, d'Ratificatiounsinstrumenter vum Protokoll getosch zur Konventioun tëscht béide Länner, fir d'Duebelbesteierung ze verhënneren.

Virun eppes méi wéi engem Mount haten den amerikanesche President Donald Trump an den US-Ausseminister Mike Pompeo dee Protokoll ënnerschriwwen. Dat Ganzt hätt ze laang opgestanen, huet den amerikaneschen Diplomat gemengt, mä elo wär den Dag dofir gewiescht. An de Vereenegte Staate wäre sou Ofkomme ganz speziell Saachen, et kéim net dacks dozou, an dass een zesumme wär, fir de Schlussakt vun deem Ofkommen ze vollzéien, wär e ganz wichtegen Dag.

Domat gëtt en Informatiounsaustausch ëmgesat, dee méi Transparenz mat sech bréngt, an enger Steierlandschaft, déi sech séier entwéckelt huet. "Dat ass zu Lëtzebuerg relativ séier ratifizéiert ginn. An Amerika ass déi Ratifikatioun eréischt virun e puer Woche méiglech gewiescht, well den amerikanesche Senat do eng Situatioun deblockéiert huet", sou de Pierre Gramegna.

Evitéiere vun Duebelbesteierung: De Reportage vum Eric Ewald

Den J. Randolph Evans, deen de Finanzminister e Méindeg iwwregens déi ganz Zäit "Mister Gramenga" genannt huet, hat nach vun enke wirtschaftleche Verbindungen tëscht béide Länner geschwat, zwou vun de gréisste Fongenindustrien op der Welt. Et wär een houfreg op dës speziell Zesummenaarbecht.

Och de lëtzebuergesche Finanzminister fënnt d'Relatioun tëscht Lëtzebuerg a Washington excellent: D'Baussent vun der EU wieren d'Vereenegt Staate vun Amerika dee wichtegsten ekonomeschen, finanziellen a kommerzielle Partner vu Lëtzebuerg.

Amerika wier e wichtegen Deel vun der Lëtzebuergescher Fongenindustrie: Fonge vun amerikanescher Origine stellen ongeféier 20% vun der ganzer Lëtzebuerger Finanzplaz duer. Et géif awer och eng Kooperatioun doriwwer eraus ginn, wéi zum Beispill a Saache Weltraum. D'USA a Lëtzebuerg wären déi zwee eenzeg Länner, déi eng komplett Legislatioun an deem Sënn hätten, ënnersträicht de Gramegna.

Iwwer 80 Ofkomme wären a Kraaft mat anere Länner, fir eng Duebelbesteierung ze verhënneren, huet de Finanzminister nach erkläert a betount, dass et doduerch méi einfach wär, fir Commerce ze maachen.

Offiziellt Schreiwes

Minister Gramegna and Ambassador Evans Bring U.S. - Luxembourg Taxation Protocol into Force (09.09.2019)
Communiqué par: ministère des Finances / Ambassade des Etats-Unis au Luxembourg

On 9 September 2019, Pierre Gramegna, Minister of Finance of Luxembourg, and J. Randolph Evans, U.S. Ambassador to Luxembourg, announced that the respective ratification procedures of the Protocol amending the Double Taxation Convention have been completed, thus bringing the Protocol into force.

By exchanging the instruments of the Protocol, both countries acknowledge the ratification of the 2009 Protocol amending the Convention between the Government of the United States of America and the Government of the Grand Duchy of Luxembourg for the Avoidance of Double Taxation and the Prevention of Fiscal Evasion with Respect to Taxes on Income and Capital.

The new Protocol replaces the existing treaty's exchange of information article with one that follows the approach of the U.S. Model Income Tax Treaty and the Organization for Economic Cooperation and Development (OECD) Model Tax Convention on Income and Capital.

It will become effective for requests for information made on or after the date of entry into force for tax years on or after 1 January 2009. The provisions of the Protocol, which allow for information held by financial institutions to be exchanged on request between Luxembourg and the United States of America are complementary to the Intergovernmental Agreement on Foreign Account Tax Compliance Act (FATCA) signed on 24 March 2014 and adopted by the Law of 24 July 2014.

Pierre Gramegna comments: "By aligning the convention to the internationally agreed standards of the OECD on the exchange of information on request, this protocol will help ensure better and simpler cooperation between our tax authorities. It is another common step in the further consolidation of our already excellent financial relations."

Ambassador Evans comments: "Luxembourg and the United States house the two largest financial centers for investment funds in the world. This protocol ensures our bilateral tax treaty is in accord with OECD standards for information exchange and improves transparency in the banking sector, marking yet another significant step in our relations as we work toward a secure and prosperous future together."

Back to Top
CIM LOGO