
De Mann, dee reegelméisseg “TikToken” iwwert säi Projet post, erkläert am Video wéi hie virun aacht Méint an enger prekärer Situatioun op Lëtzebuerg komm wier an datt seng Lag zanterdeem besser gi wier. Bannent zwou Wochen hätt hien eng Aarbecht an enger Fabrick fonnt, déi zwar ustrengend wier, hien awer an enger finanziell stabel Situatioun bruecht hätt.
Donieft hätt hie viru Kuerzem och Ënnerstëtzung fir säi Projet kritt, eng Persoun hätt “him d’Hand gereecht”, wéi hie selwer seet. A Frankräich hätt hie Jorelaang no Support gesicht a kee fonnt. An eisem Nopeschland hätt een him gesot: “Däi Projet ass super, zéi en duerch, mä mir wäerten dir net hëllefen, mir kommen nëmmen zum Schluss, fir ons ze profiléieren.”
Hien huet och dat niddregt Akommes a Frankräich kritiséiert, vun deem ee kaum liewe kéint. Fir hie wier d’Land am “Niddergang”. An och an de Kommentare stëmme vill User him zou, och si sinn oder kenne vill Betraffener, déi an d’Ausland gaange sinn fir Succès kënnen ze hunn.