Reform Chèque-service accueil "Et bezilt een keng eenzel Stonn méi, déi net gebraucht gëtt", esou de Claude Meisch

Monica Camposeo
D'Reform vum Chèque-service accueil huet bis 2030 e Käschtepunkt vun 300 Milliounen Euro.
Reform Chèque-service accueil
“Et bezilt een keng eenzel Stonn méi, déi net gebraucht gëtt”, esou de MinisterClaude Meisch.

Den Educatiounsministère geet e Schrëtt méi a Richtung gratis Kannerbetreiung. Um Méindeg huet de Claude Meisch géintiwwer der Press d’Reform vun de Chèques Service Accueil presentéiert. E Stot, deen zwee Mol de Mindestloun als Akommes disponibel huet, muss guer näischt méi bezuelen. Dat gëllt dann och fir eng Vollzäit-Betreiung. Bei engem Akommes vun dräi Mol de Mindestloun pro Stot sinn 29 Stonnen d’Woch gratis, d’Stonnen déi doriwwer eraus ginn, sinn dem Loun ugepasst. Domadder solle besonnesch déi Elteren, déi wéineg verdéngen, méi ënnerstëtzt ginn. “Mir gesinn eigentlech eng gutt Kannerbetreiung als eng Bildungsinvestitioun.”

Doriwwer eraus gëtt de Basisforfait vu 6 op 7 Euro pro Stonn pro Kand gehéicht. Dat gëllt schonn zanter dem 1. Januar dëst Joer.

Eng grouss Ännerung kënnt da fir déi privat Prestatairen. “Et bezilt een keng eenzel Stonn méi, déi net gebraucht gëtt”, esou de Minister Claude Meisch. Eenheetlech Tarifikatiounsreegele fir all d’Betreiungsstrukturen ass ee vun de Pilieren vun der Reform. Zil wier et, dass d’Facturatioun vill méi transparent gëtt. Supplementen, déi dacks éischter vu private Betreiungsstrukture verrechent ginn, gi gesetzlech verbueden. De Staat kompenséiert dës Käschten an deem Fall fir de Prestatairen a garantéiert e Forfait vun 415 Euro pro Kand a pro Woch. Hëlt e Kand also net esou vill Stonnen an Usproch, fir dëse Montant ze erreechen, kompenséiert de Staat dat wat feelt, eebe bis op 415 Euro. Doriwwer eraus betount de Minister awer, dass no engem bis zwee Joer mat de Prestataire gekuckt gëtt, ob si net ze vill Benefice gemaach hunn a wann dat de Fall soll sinn, da muss en Deel zeréckbezuelt ginn.

E weidere Pilier vun der ugekënnegter Reform ass d’Garantie vun enger Plaz fir all Kand bis 2030. Mat iwwer 10.000 Plazen, déi den Ament am Bau sinn, wier een zouversiichtlech, dass dat Zil kann erreecht ginn, esou nach de Claude Meisch.

Och de Service bei Dageseltere gëtt subventionéiert, fir dass jiddereen d’nämmlecht ënnerstëtzt gëtt, egal wéi eng Betreiungsform d’Eltere wielen. Domadder soll dës Aarbecht och valoriséiert ginn, zum Beispill duerch d’Unerkennung vu bestëmmte Formatiounen.

Duerch d’Reform wëll den Educatiounsministère eng méi eenheetlech Offer schafen, fir dass et keen substantiellen Ënnerscheed méi mécht, ob e Kand an enger ëffentlecher oder privater Struktur betreit gëtt. De Personalschlëssel soll dann och bis 2029 fir net scolariséiert Kanner no uewen ugepasst ginn. An enger éischter Etapp gëllt fir Kanner vun 0 bis 2 Joer bis 2027: een Erwuessenen op fënnef Kanner, vun 2029 un gëllt dann een op véier. Bei Kanner vun 2 bis 4 Joer wäert 2029 eng Persoun fir sechs Kanner zoustänneg sinn.

D’Strukture solle méi transparent fonctionéieren, e Modell deen den Educatiounsministère och mat de verschiddenen Associatiounen, déi fir d’Prestateiren zoustänneg sinn, ausgeschafft hunn.

Déi ganz Reform vum Chèque-service accueil huet bis 2030 e Käschtepunkt vun 300 Millioune Euro.

Back to Top
CIM LOGO