
De Vëlosfuerer ass dobäi gefall an huet sech liicht blesséiert. De Vëlo wéi och nach aner perséinlech Géigestänn, goufen dobäi beschiedegt.
No dësem Accident huet den Automobilist kuerz gebremst, ass awer dono weidergefuer, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren. D'Police sicht elo no Zeien wéi och nom schëllegen Autoschauffer, dee mat engem donkelen SUV mat Lëtzebuerger Placken ënnerwee war.
All d'Informatioune si fir d'Police vun Déifferdeng um 244 53 1000 respektiv per E-Mail oppolice.differdange@police.etat.lu
Da mellt d'Police nach en Accident, dee kuerz no 23 Auer zu Péiteng war. Hei hat en Automobilist d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer a war an eng Stroosseluucht gerannt an dono géint d'Mauer vum Rondpoint geknuppt, wou den Auto zum stoe koum.De blesséierte Chauffer, deen op der Plaz vun de Rettungsekippe versuergt gouf, hat däitlech ze vill gedronk a géint hie gouf e Fuerverbuet ausgeschwat. Och goufen déi zoustänneg Autoritéiten alarméiert, fir de Luuchtepotto nees ze reparéieren.Vu Capellen a Richtung Mamer war dann e Chauffer géint Mëtternuecht däitlech ze séier ënnerwee. Den Auto gouf ugehalen an de Chauffer kontrolléiert. Och hien hat ze vill gedronk, esou datt de Permis agezu gouf. Donieft gouf d'Persoun protokolléiert, well si nach no der Ausgangsspär ënnerwee war.Da gouf bei enger Kontroll zu Kanech e Won erausgezunn, deen ouni Luuchte gefuer ass. Och hei hat de Chauffer ze vill gedronk a säi Permis, dee vun de Beamten agezu gouf, war ofgelaf. Och dës Persoun huet misste bezuelen, well si géint d'Ausgangsspär verstouss hat.Wéinst engem gewaltsamen Iwwerfall hat e Mann am Pafendall eng Patrull géint 17.30 Auer e Freideg ugeschwat. De Mann hat däitlech Blessuren am Gesiicht, well hie vun zwee Männer attackéiert a geschloe gouf, déi hien an der Brandgässel ofgefaangen hunn. Si hunn him dobäi och seng Wäertsaache geklaut. D'Beamten hunn d'Rettungsekippen alarméiert, ma bei der Sich no den Täter koum näischt eraus.