
De 27. August gouf eng Automobilistin géint 18.45 Auer op der N1, der Streck vun Iechternach op Jonglënster, kuerz virum Rond-point vun zwee onbekannte Männer gestoppt, déi sech als Polizisten ausginn hunn.
Ee vun hinnen huet der Fra matgedeelt, dass si eng Geldstrof an Héicht vun 145 Euro bezuele misst, well si ze séier gefuer wier. E bezuele mat der Kaart gouf refuséiert an op Cash bestanen.
Eng Preuve de paiement krut si net, och kee Beweis, datt si ze séier war. D'Fuererin huet hire Permis misse weisen, deen zeréckbehale gouf. Den zweete Mann huet an där Zäit den Auto inspizéiert. Duerno si béid Männer an engem schwaarze Won mat Lëtzebuerger Placke fortgefuer, deen déi aner Säit op der Pannespuer geparkt stoung.
De Fürerschäin ass e puer Deeg méi spéit an der Bréifkëscht vun der Police Iechternach nees opgedaucht.
D'Männer hate allebéid eng Jackette an eng Kap mam Schrëftzuch "Police" un. D'Police betount an deem Kader, dass et sech hei net ëm déi offiziell Uniform handelt.