
Eng Camionnette an en Auto waren hei net laanschtenee komm. D’Fuererin vun der Camionnette, mat franséische Placken, ass nom Accident a Richtung Zenter vun Déifferdeng geflücht. An deem Zesummenhang sicht d’Police elo no Zeien. All d’Informatioune si fir d’Police vun Déifferdeng ënnert der Nummer (+352) 244 53 1000 oder per E-Mail (police.differdange@police.etat.lu).