
Hien hat am Juli zejoert réischt d’Presidence vum Michel Reckinger iwwerholl, well dee President vun der Unioun vun den Entreprisen UEL ginn ass. Wéi et vun der Fédération des Artisans heescht, hätt den Ernest Pirsch perséinlech Grënn fir seng Decisioun genannt. Den 23. September soll e Successeur gewielt ginn. Den Ernest Pirsch stoung vun 2004 bis 2019 un der Spëtzt vum Garagisteverband Fégarlux.