
D'Feier wier duerch déi séier Interventioun vun de Pompjeeën awer schonn ënner Kontroll bruecht ginn an et wier kee blesséiert ginn. "Den Accueil fir haut ass assuréiert an de Fonctionnement vun der Betreiung ass garantéiert", heescht et weider vun der Gemeng.
Am ganzen si knapp 200 Kanner aus 13 Klassen betraff. Soulaang d'Schoulgebai gebotzt gëtt, gi si an der Sportshal, Maison-Relais, Précoce an am Festsall vum Centre culturel zu Jonglënster enseignéiert. Dat sot eis de Lënster Buergermeeschter Ben Ries. Hien hofft, datt de Gros vun de Klasse Uganks d'nächster Woch nees normal an d'Schoul goe kënnen. E geneeën Timing kruten déi Gemengeresponsabel vun der ITM an den aneren zoustännegen Autoritéiten awer nach net matgedeelt.
D'Feier war e Mëttwoch de Moien um zweete Stack vun der Grondschoul an engem Pabaierspender op der Toilette lassgaangen an huet zu enger massiver Dampentwécklung gefouert. De Buergermeeschter schwätzt vu Brandstëftung.