Wéi am Bulletin vum CGDIS steet, ass d'Feier géint 20:55 Auer an engem Geschäftslokal an der Groussgaass ausgebrach. Hei war an der Zäit e Buttek vun enger bekannter Kleedermark ënnerbruecht. Dësen hat am August 2024 zougemaach.
Op der Plaz waren d'Pompjeeën aus der Stad a vun Hesper, grad ewéi d'Stater Ambulancieren. Blesséierter goufen et keng.