
De CGDIS konnt deemno Entwarnung ginn. Et hätt sech ëm e Brand gehandelt, dee séier ënner Kontroll war.
Aus Precautioun géife bei Bränn an Industriezonen awer méi Ekippen op d’Plaz geschéckt ginn. Och d’Police war op der Plaz.
Mat Drone a Wärmebildkamera wär och séchergestallt ginn, dass d’Feier sech net awer onopfälleg ausgebreet hätt. Dat war net de Fall.
D’Pompjeeë vun Suessem/Déifferdeng, Péiteng, Diddeleng, Käerjeng, souwéi eng Ambulanz vu Péiteng, de Samu Esch an de Groupe d’appui technologique opérationnelle waren op der Plaz.