Am LokalenFeier um Douschterterhaff an 3 Accidenter mat Motocyclisten zanter e Freideg

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et e Freideg den Owend zu zwee Virfäll.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Um 19.15 Auer krute sech zu Fenteng en Auto an e Moto ze paken. Hei gouf et ee Blesséierten.

Gebrannt hat et kuerz virun 22 Auer um Douschterterhaff. Do stoung nieft enger landwirtschaftlecher Maschinn och e Feld a Flamen.

Weider mellt de CGDIS nach 2 Accidenter, bei deenen allkéiers e Motocyclist dran involvéiert war.

Um 9.40 Auer ass um CR106 tëscht Duelem an Héiweng a Motocyclist gefall a gouf verwonnt.

Géint 10.45 Auer krute sech an der Areler Strooss zu Capellen an Auto an e Moto ze paken. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO