
Wéi de CGDIS mellt, koum et hei zu enger Kollisioun tëscht engem Camion an enger Camionnette. Heibäi goufe fënnef Persoune blesséiert.
Iwwerdeems mellt de CGDIS eng Partie Accidenter, zu deenen et e Freideg am Laf vum Mëtteg komm ass:
Géint 13.40 Auer war um CR360 tëscht Méchelbuch a Biissen en Auto an de Gruef gefuer. Hei gouf eng Persoun blesséiert.
2 Blesséierter gouf et da wéi géint 15.00 Auer am Tunnel Stafelter, op der A7, 2 Autoen aneneegerannt waren.
Géint 15.40 Auer war dann en Automobilist blesséiert gi wéi hie mat sengem Gefier, um CR118, tëscht der Fiels an Angelsbierg, mat engem Bam kollidéiert war.