Parquet deelt matFënnef presuméiert "Money Mules" festgeholl

RTL Lëtzebuerg
An Zesummenhang mat enger Rei Fäll vu Phishing-Attacken zu Lëtzebuerg, mellt de Parquet fënnef Festnamen.
© AFP

Wéi et am Schreiwes vun der Justiz heescht, goufen e Freideg fënnef presuméiert, sougenannt “Money Mules” festgeholl, deene reprochéiert gëtt, am Kontext vu Phishing-Virfäll hei am Land hir Bankkaarten a Bankdonnéeë fir kriminell Transaktiounen zur Verfügung gestallt ze hunn. Et gëllt wéi ëmmer d’Présomption d’innocence.

“Money Muling” ass eng Form vu Blanchiment, bei där dacks jonk Persounen, oder Persounen an enger schwéierer finanzieller Lag, iwwer sozial Reseaue rekrutéiert ginn. Si solle Suen, déi Onéierlecher iwwer Arnaquë wéi Phishing kruten, un déi Kriminell weiderleeden. De Parquet erënnert an deem Kontext dorun, datt et strofbar ass, säi Kont oder seng Bankkaart fir esou Transaktiounen zur Verfügung ze stellen. Nieft enger Spärung vum Kont, enger Saisie vun de Suen oder enger Geldstrof, riskéiert een heifir och eng Prisongsstrof vu bis zu 5 Joer.

Tipps, fir sech viru Phishing ze schützen, fannt Dir hei.

Liest hei d’Schreiwes vum Parquet am Detail

Back to Top
CIM LOGO