Och A400M-Fligeren am AsazFënnefte Rapatriement-Vol mat 134 Persounen u Bord zu Bréissel ukomm

RTL Lëtzebuerg
Déi binational belsch-lëtzebuergesch Unitéit A400M huet mat zwee vun hire Militärfligeren e Sonndeg a Méindeg mat de Rapatriementer vu Persounen aus Dubai weidergemaach.
© Domingos Oliveira

Insgesamt 134 Persounen aus Lëtzebuerg, der Belsch, Frankräich an Holland ware mat zwou A400M-Maschinne vun Dubai op Hurghada bruecht ginn, ier se vun Hurghada aus mat engem normale Passagéierfliger op Bréissel weidergeflu sinn. Vun der belscher Haaptstad aus sinn déi concernéiert Lëtzebuerger da vun engem Bus vun der Lëtzebuerger Arméi opgesammelt ginn, dëse soll e Méindeg géint 12.30 Auer um Fluchhafen um Findel ukommen.

Liest hei d’Schreiwes vum Defense- an Ausseministère

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO