Police melltFestnam vu presuméierter "Money Mule"

RTL Lëtzebuerg
Ufank Oktober war et zu engem Bedruchsfall mat enger gréisserer Geldzomm komm. Elo gouf eng Fra an deem Kontext festgeholl.
© Envato Wdnld

Um Owend vum 2. Oktober 2026 gouf der Police e finanzielle Bedruchsfall gemellt, bei deem dem Affer eng gréisser Geldzomm vum Kont ofgebucht gouf. Bei der Enquête konnt elo eng presuméiert sougenannt "Money Mule" ermëttelt a kuerz Zäit drop lokaliséiert ginn. Op Uerder vum Parquet gouf d'Fra festgeholl an um nächsten Dag virun den Untersuchungsriichter bruecht.

Eng "Money Mule" ass eng Persoun, déi Suen aus illegaler Source iwwert den eegene Bankkont am Optrag vun anere weiderleet. D'Bereetstelle vum eegene Bankkont fir Geldwäsch kënne mat enger Prisongsstrof vu bis zu 5 Joer sou wéi enger Geldstrof vu bis zu 1.250.000 Euro bestrooft ginn.

D'Police warnt an deem Kontext och nach eemol viru Phishing-Versich bei Wero

Back to Top
CIM LOGO