PoliceFestnam vun engem Drogendealer am Garer Quartier

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschdeg ass eng Policepatrull an der Stroossbuerger Strooss op e Mann opmierksam ginn, well hie sech opfälleg beholl huet.
© Laurent Weber

Well de Verdacht bestanen huet, datt hien en Drogendealer kéint sinn, gouf hie kontrolléiert. Dobäi huet hien ongewéinlech Beweegunge mam Mond gemaach, wat drop higewisen huet, datt hien eventuell Drogen geschléckt hat. Ee Scanner huet dëse Verdacht bestätegt. Et goufen och en Handy a Sue bei him saiséiert. De Mann hat Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO