MutfertFestnam wéinst Drogebesëtz

RTL Lëtzebuerg
Bei engem Mann goufen iwwer 250 Gramm Haschisch séchergestallt.
© Police

E Freideg goufe géint 9.40 Auer Policebeamten op e puer Persounen op engem Feldwee zu Mutfert opmierksam. Bei der Kontroll vun de Persoune konnte bei engem Mann ronn 215 Gramm Haschisch séchergestallt ginn. Duerno koum et nach zu enger Perquisitioun an engem Haus. Hei goufe weider 49 Gramm séchergestallt.

De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an ass nach e Freideg virun den Untersuchungsriichter komm.

Back to Top
CIM LOGO