
An der Nuecht op e Méindeg gouf der Police ee Mann gemellt, dee sech trotz enger aktueller Wegweisung op enger Adress zu Esch-Uelzecht opgehalen hat. Den Tatverdächtegte konnt vun de Beamten op der Plaz ugetraff ginn a gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. E Méindeg de Moien hat hie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.
E Sonndeg am fréie Moie war et dann nach een Abroch an e Lokal zu Weiler zum Tuer ginn. D’Police konnt den Täter nach op der Plaz banne vum Gebai stellen. Bei him konnten eng Rei Saache séchergestallt ginn, déi hie geklaut hat. Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl a gouf nach e Sonndeg de Mëtteg virun den Untersuchungsriichter bruecht, deen en Haftbefeel ausgeschwat huet.