Nom Bedruch zu DéifferdengFir d'Gemenge-Receveure kënnt de Véier-Ae-Prinzip, sou Inneministère

Pit Everling
De Virfall zu Déifferdeng géing weisen, datt eng Gemeng grad sou vulnerabel ass wéi e Betrib, seet den Inneminister Léon Gloden.
© Domingos Oliveira

Hie gëtt awer och de klore Message mat op de Wee, datt an der Déifferdenger Märei besser hätt missen opgepasst ginn.

"410.000 Euro si vill, well dat si jo ëffentlech Steiergelder. Am Fong muss och schonn haut de Receveur d'Identifikatiounsnummer vum Bankkonto kontrolléieren, éier en d'Suen iwwerweist. An Dir wësst jo, datt ech amgaange sinn un der Stäerkung vun de verschidde Gemengeservicer ze schaffen. Mir sinn do amgaangen, e Projet de loi ze verfaassen an an deem Kontext an och opgrond vun där do Erfarung elo erëm, mengen ech, ass et wichteg, datt mer do de "Véier-Ae-Prinzip" och am Service vun de Receveuren aféieren."

Et dierft och keng Instruktioun iwwer Telefon ugeholl ginn, sou wéi dat zu Déifferdeng wuel geschitt wier, seet de Léon Gloden weider.

Et géing elo gekuckt ginn, ob eng Circulaire un d'Gemengen erausgeet, fir nach besser ze sensibiliséieren. Leider wier et awer ni komplett ze evitéieren, datt eng Gemeng Affer vu Bedruch gëtt.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO