
2021 goufen d’Steierkaarten digitaliséiert. Patronen a Pensiounskeess kënnen d’Steierkaarten zanterhier op elektroneschem Wee gesinn an et muss ee se also net méi bei sengem Betrib ofginn. Zanter dem 1. Januar dëst Joer mussen d’Steierkaarte vun de Salariéen a Pensionären obligatoresch op MyGuichet.lu agesi ginn. Betriber, déi sech net drun halen, kënne mat bis zu 10.000 Euro bestrooft ginn. D’Zomm hänkt vun der Gréisst vum Betrib of. Uganks Mee waren deemno 1.880 Betriber net konform. Dem Finanzministère no handelt et sech quasi exklusiv ëm Patrone vu méi klenge Betriber bis 50 Mataarbechter. Déi musse fir déi éischt Astreinte bis zu 800 Euro maximal bezuelen. Wann den Employeur d’Steierkaarte weider net erofluet, geet d’Astreinte an d’Luucht.