
D'Spëtzt vum Äisbierg ofbrieche geet net duer fir d'Grondrecht op Wunnen zu Lëtzebuerg anzeléisen, dat schreift den OGBL am Kontext vun der aktueller Diskussioun iwwert déi spezialiséiert Investmentfongen, déi sougenannt FIS.
An den Ae vum Onofhängege Gewerkschaftsbond wieren des FIS'en ouni Zweiwel den héchsten Ausdrock vun der Buedem- an Immobiliëspekulatioun zu Lëtzebuerg. Déi Zitat "skandaléis" steierlech Virdeeler vun de Fongen am Beräich vun den Immobilien a Grondstécker missten ofgeschaaft ginn.
Just eng Reform géif nämlech näischt Fundamentales änneren. Dat steierlecht Haaptthema fir eng erfollegräich Lutte géint Spekulatioun wier awer d'Grondsteier, sou den OGBL.
Déi eege Wunneng kéint dobäi komplett steierfräi sinn. Wann een awer méi Immobilië besëtzt, misst dee Gesamtwäert vum Verméigen awer progressiv besteiert ginn, esou staark, datt de Concernéierten de finanziellen Ureiz geholl gëtt, an 10, 20, 50 oder 100 Wunnengen z'investéieren.