Wärend der KrisFitness-Industrie huet 50% vun hire Membere verluer

RTL Lëtzebuerg
Zanter e Méindeg gëlle manner streng Restriktiounen an de Fitnesszenteren. Et kommen nees méi Memberen, ma iwwert de Bierg ass een nach laang net.
Fitness-Industrie huet 50% vun hire Membere verluer
Zanter e Méindeg gëlle manner streng Restriktiounen an de Fitnesszenteren. Et kommen nees méi Memberen, ma iwwert de Bierg ass een nach laang net.

Lo dierf sech eng Persoun op 10 Quadratmeter amplaz 1 op 30 Quadratmeter bannenan ophalen. D'Limitt vun 10 Leit an engem Raum fält och ewech. Dës streng Mesuren haten dozou gefouert, datt ee just nach op Reservatioun konnt trainéiere goen, dacks limitéiert op e puer Visitten an der Woch.

50% vun hire Clienten hätt d'Fitness-Industrie wärend der Pandemie verluer, seet de Charel Trierweiler, President vun der Lëtzebuerger Fitness Federatioun. Iwwer d'Lockerunge wier ee frou, et géife sech och nees méi Leit mellen. Ma d'Hee-Méint Januar a Februar si verluer, nom Krisejoer 2020 e schwéiere Schlag. Bis de Break Even nees erreecht ass, d'Situatioun vu virun der Kris, kéint et Méint, eventuell souguer Joren daueren duerch den Teletravail an d'Veronsécherung vun de Leit. Ausserdeem hu verschidde fréier Membere sech och Doheem mat eegene Geräter ekipéiert.

Mat Marketing iwwer sozial Medien an enger Reaktivéierung vun de Membere probéiert een d'Leit nees zréckzegewannen. Wéi laang et brauch, ass ongewëss. De Markus Waldraff, Gerant vun engem 'Boutique Fitness', ass awer zouversiichtlech. Besonnesch eeler Leit wiere sech an der Kris bewosst ginn, wéi wichteg et wier, sech gesond a fit ze halen. Dëse méi klenge Fitness, dee manner op Mass vu Membere setzt, dofir awer op perséinlech Betreiung, ass den Ëmstänn entspriechend nach gutt duerch d'Kris komm. Si hu "just" 25% vun de Membere verluer.

An sengem gréissere Fitness zu Gaasperech ass de Sophian Ait och frou iwwer d'Lockerungen. Ma hien huet an der Kris trotz finanziellen Hëllefe 5 vun 10 Employéë missen entloossen. Grad esou wéi d'Botzfirma. Elo, wou nees méi Clientë kommen, feelt et also u Personal. Jidderee muss de Maximum ginn, elo nees astelle kënnt net a Fro, vue datt kee weess, wéi d'Situatioun sech an den nächste Méint entwéckelt.

Back to Top
CIM LOGO