
D'Rumänin soll Member vun enger Band sinn a kritt a méi Fäll Déifstall a Blanchiment an Altersheemer zu Lëtzebuerg reprochéiert. Dem Algerier ginn Abréch an Déifställ vu Géigestänn mat groussem Wäert an 10 Fäll reprochéiert.
Béid ware per europäeschem Mandat d'arrêt gesicht ginn a goufen der Lëtzebuerger Police en Donneschdeg zu Bëllegerbréck bei Laser iwwerginn.