Message op Facebook krittFLF-Arbitter fuerdert Jean Asselborn op, keng Flüchtlinge méi opzehuelen

RTL Lëtzebuerg
Den Ausseminister Jean Asselborn krut iwwer Facebook ee Message, wou dra steet, dass hie soll ophalen, Flüchtlingen eranzehuelen.
© AFP

Et géifen aner Problemer gi wéi déi. Oder hien, also de Jean Asselborn, soll demissionéieren. Dat pikant un deem Message ass, dass dee vun engem Futtball-Arbitter kënnt.

Op eis Nofro hin huet de President vun der FLF gesot, dass hie sech am Numm vun der Futtballfederatioun schonns beim Ausseminister entschëllegt huet.

De Paul Philipp huet och nach gesot, dass den Arbitter an d'Federatioun convoquéiert gëtt, wou da gekuckt gëtt, ob hien och an Zukunft nach fir d'FLF däerf päifen oder net.

Back to Top
CIM LOGO