Unesco Global Geopark MëllerdallFlott Ausstellung zu Beefort

Christophe Hochard
An der fréierer Jugendherberg entdeckt een d'Geologie aus dem Mëllerdall.

An der Expo, déi d’ganzt Joer op ass a wou ee fir näischt erakënnt, kann ee villes entdecken.

An eiser Serie iwwer d’Geoparken an der Groussregioun ware mir och zu Beefort an enger Expo. Hei dréit sech alles ronderëm den Unesco Global Geopark Mëllerdall. Wärend der Pandemie gouf an der aler Jugendherberg zu Beefort d’Ausstellung installéiert.

Unesco Global Geopark Mëllerdall: Flott Ausstellung zu Beefort
An der fréierer Jugendherberg entdeckt een d’Geologie aus dem Mëllerdall.

Et geet ëm d’Geologie. Et kann ee sech Steng aus anere Geoparken ukucken. An der Expo, déi sech souwuel un déi Erwuessen ewéi d’Kanner riicht, kritt ee ganz vill Informatioune ronderëm d’Geschicht vun der Geologie zu Lëtzebuerg.

Et ass all Dag op. Den Entrée ass gratis. Um Internetsite www.naturpark-mellerdall.lu kritt een eng ganz Rëtsch un nëtzlechen Informatiounen.

Serie Geoparken: Unesco Global Geopark Mëllerdall - Op de Spuere vun der Geologie (17.2.25)

Serie Geoparken: Unesco Global Geopark Mëllerdall - En Tour duerch de Musée Henri Tudor
Serie Geoparken: Unesco Global Geopark – Groussregioun: Natur a Geologie
Serie Geoparken: Unesco Global Geopark – Groussregioun: Ënnerwee an de belschen Ardennen

Back to Top
CIM LOGO