Zu DiddelengFlucht viru Police, Alkohol, Drogen an Accident - schëllegen Automobilist gouf verhaft

Andy Brücker
An der Nuecht op e Samschdeg huet en Automobilist zu Diddeleng sou zimmlech alles falsch gemaach.
© Laurent Weber

Zu Diddeleng hat d’Police an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg eng Kontroll gemaach. Do ass e Chauffer opgefall, deen duerch e geféierlech Fuermanöver laanscht d’Kontroll komm ass. D’Police huet direkt d’Poursuite opgeholl, huet de Chauffer awer aus den Aen verluer. Dat war awer net fir laang Zäit, well de Auto konnt kuerz dono op der Héicht vum Rond-point fonnt ginn. De Chauffer hat d’Kontroll verluer an ass bäigaangen. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv. Des weidere goufen am Auto Droge fonnt. Op Uerder vum Parquet gouf de Chauffer verhaft an hat Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO