
Géint 13.20 Auer krut d’Lëtzebuerger Police gemellt, d’Gefier wier aus Richtung belscher Grenz op der A13 ënnerwee. Nodeems de Chauffer op der Héicht vun der Jonctioun Lankelz en Accident gebaut huet, ass en zu Fouss geflücht. Hie gouf dobäi net blesséiert.
Eng grouss Zuel u Policeunitéite war un der Sich nom Mann bedeelegt, dee kuerz drop konnt festgeholl ginn. Hie stoung ënner Drogenafloss, ausserdeem hat hie géint geriichtlech Oplage verstouss. Säi Gefier gouf saiséiert, hie gouf protokolléiert.