
D'Croix-Rouge wier en interessanten Employeur, dat war de Message en Donneschdeg vum neien Direkter vun der Associatioun Marc Wagener op senger éischter Pressekonferenz an där Funktioun. Et hätt ee vill verschidde Méiglechkeeten, als Educateur kéint een zum Beispill eng 40 verschidde Positioune besetzen. D'Croix-Rouge huet en Donneschdeg eng Campagne gestart, fir hir Attraktivitéit als Employeur z'ënnersträichen. Eleng dëst Joer hätt ee schonn iwwer 600 Poste rekrutéiert. Ma d'Konkurrenz an de Secteuren, an deenen d'Associatioun aktiv ass, wier immens héich.
Den neien Direkter Marc Wagener huet d'Wichtegkeet vum neie Siège vun der Croix-Rouge ënnerstrach, deen d'nächst Joer um Houwald opmécht. Aktuell wieren d'Ekippen an d'Servicer ganz verstreet, dat géing zu Duerchernee féieren. Den neie Sitte wier och vill méi accessibel.
En Deel vum neie Sitte, 38 Millioune vun am Ganzen 127 Milliounen Euro, soll duerch eng Aide à la pierre vum Staat fir de Service vum Bluttspende finanzéiert ginn. Den CSV-Finanzminister Gilles Roth hat e Samschdeg hei op der Antenn erkläert, hie géing e Finanzéierungsgesetz dofir an d'Chamber bréngen. D'Croix-Rouge begréisst dës Approche, dat wier transparent a propper.
Rezent war duerch e juristeschen Avis an Optrag vun der Finanzinspektioun d'Fro opkomm, ob d'Croix-Rouge sech net un d'Reegele vum ëffentlechen Ausschreiwe gehalen hätt fir den neie Siège, obwuel se dat hätt missen. Fir de Marc Wagener wier et net ganz kloer, ob d'Croix-Rouge sech un d'Marchés- publics-Gesetz misst halen, do géing et eng Marge d'appréciation ginn. D'Croix-Rouge hätt keen Appel d'offre gemaach, wéi et an deem Gesetz virgesinn ass. Allerdéngs wier et eng Appel à candidatures ginn, bei deem jiddereen, deen interesséiert war, konnt matmaachen. Et géing een och an den nächste Wochen Explikatiounen an der Chamberkommissioune ginn, no wéi enge Krittären d'Baufirma ausgesicht gouf, déi de Projet elo realiséiert.
