D'CSV wier eng Partei vun der Mëtt, eng Vollekspartei, déi wirtschaftsfërdernd, awer net wirtschaftsliberal ass. Dat huet de Finanzminister Gilles Roth e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich betount.
De Gilles Roth wëll de Lëtzebuerger Modell mat senger Kultur vu Kompromëss, Versteesdemech a sozialem Dialog erhalen. Hie gesäit déi politesch a sozial Stabilitéit als e wichtege Standuertvirdeel fir Lëtzebuerg.
D'Tripartite zu Senneng nennt hien als Beispill fir dës Zesummenaarbecht tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschaften. Hie mengt, datt de Kontakt mat de Gewerkschaften doduerch nees verbessert gouf.
Déi schlecht Resultater vun der däitscher CDU an d'Walvictoire vun der AfD gesäit den CSV-Politiker als Warnsignal. Hie verweist op Ëmfroresultater, deenen no enttäuscht Wieler ënner anerem net agehale Verspriechen, ze wéineg Opmierksamkeet fir d'schaffend Mëtt an ze héich Steier- a Belaaschtungsniveauen als Grënn genannt hunn.
De Luc Frieden verdeedegt de Gilles Roth trotz méi schwaache Sondagëwäerter als gudde Premier. Sondagë wieren nëmmen eng Momentopnam. Hie rechent domat, datt de Luc Frieden – wann dat säi Wonsch ass – 2028 als CSV-Spëtzekandidat untriede kéint.
De Finanzminister steet hannert der Rentereform an dem Prinzip vun engem solidaresche Verdeelungssystem. De gesetzleche Pensiounssystem soll den éischte Pilier bleiwen; e Wiessel op e kapitalgedeckte Modell wëll hien net.
D'Dronevirfäll ronderëm de Findel waren och e Sujet am Background. Déi missten eescht geholl ginn, sou de Gilles Roth. De Finanzminister wëll déi néideg budgetär Mëttel fir de Schutz vun der kritescher Infrastruktur zur Verfügung stellen. Hie betount och d'Wichtegkeet, bei Menacen op international Kontakter an Expertise zeréckzegräifen.
De Finanzminister schwätzt iwwerdeems vun enger positiver Entwécklung bei de Staatsrecetten, warnt awer virun enger ze staarker Erhéijung vun den Ausgaben. Bei de Rekrutementer am ëffentlechen Déngscht soll den Numerus clausus d'Zuel vun den neie Poste begrenzen.
Gläichzäiteg misst de Staat do Personal astellen, wou reell Besoine bestinn – zum Beispill bei Police, Militär a Schoulen.
D'Steierreform soll 2028 ronn 880 Milliounen Euro kaschten. De Gilles Roth gesäit dës Zomm als Investitioun an d'Kafkraaft. D'Reform soll d'Besteierung méi un déi aktuell Familljestrukturen upassen an d'Individualbesteierung stäerken.
Hie verdeedegt d'Reform géint d'Kritik, si géif virun allem héich Akommes entlaaschten.
Zousätzlech huet hien Erhéijunge beim Kannergeld, Verbesserunge beim Chèque-service-Accueil an aner sozial Moossnamen als Deel vun engem Gesamtpak fir d'Kafkraaft genannt.
Beim Indexsystem wëll de Gilles Roth keng Ännerung. Den Index ass fir hien e Bestanddeel vum Lëtzebuerger Sozialmodell an e Mëttel, fir d'Kafkraaft vun alle Leit ze erhalen.
Beim ëmstriddene Sportsmusée-Dossier huet den CSV Minister zouginn, datt net alles riicht gelaf ass. Hie mengt, datt aus dem Fall d'Léiere gezu goufen, datt Accorden net ënnerschriwwe solle ginn, ouni datt de Regierungsrot entspriechend informéiert ass. Gläichzäiteg erkennt hien un, datt bei der Applikatioun vum Marchésgesetz ëmmer gewësse juristesch "Grozone" kënne bestoen. Bei esou Dossiere misst een dofir juristesch Avisen ufroen.
Beim Projet vun der Croix-Rouge um Houwald verdeedegt de Gilles Roth d'Iddi, datt de Staat e spezifesche Plateau fir d'Blutttransfusioun matfinanzéiere kann. Hie schwätzt vun enger staatlecher Bäihëllef vu 38 Milliounen Euro fir dëse spezifesche Service.
Fir méi Transparenz wëll hien e Gesetzesprojet an d'Chamber bréngen, an deem de Montant vun der staatlecher Finanzéierung festgehale gëtt. Hie betount och, datt de Projet vun der Croix-Rouge net ouni ëffentlech Ausschreiwungs- oder Kandidaturprozedur gewielt gi wier.
E Samschdeg war de Finanzminister Gilles Roth eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.