
De Brand war an der rue Foxenhiel. D'Ambulanz vun Diddeleng war op der Plaz, grad wéi d'Asazzentere vun Diddeleng a vu Keel.
Um 7.30 Auer gouf um Houwald an der rue des Scillas e Cyclist vun engem Auto ugestouss. Och hei gouf 1 Persoun blesséiert. D'Ambulanz aus der Stad huet sech ëm d'Affer gekëmmert. Nieft dem Asazzenter aus der Stad waren och nach d'Kollege vun Hesper op der Plaz.
Méi uerg war dunn en Accident géint 8.20 Auer an der Stad an der rue Robert Stumper. Hei gouf e Foussgänger ugestouss an de Samu gouf op d'Plaz geruff, nieft der Ambulanz an dem Asazzenter aus der Stad.