CGDISFoussgänger ugestouss zu Esch/Uelzecht

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 10.30 Auer gouf e Samschdeg eng Persoun an der Rue Louis Pasteur ugestouss an dobäi verwonnt.
© CGDIS

An der Cité hannert dem Schlass zu Bettenduerf koum et e Freideg den Owend géint 23.16 Auer zu engem Accident. 2 Autoe krute sech hei ze paken, 1 Persoun gouf blesséiert.

E weideren Accident gouf et e Freideg de Mëtteg géint 15 Auer. Do sinn 2 Autoen an der Rue de Rollingergrund net laanschtenee komm. De Bilan ass hei 1 Blesséierten.

Geknuppt hat et och zu Fréiseng an der Lëtzebuerger Strooss. Wéi de CGDIS mellt, gouf hei keng Persoun verwonnt.

Intervenéieren hunn d'Pompjeeën e Freideg den Owend och missen zu Rued wéinst engem Brand an enger Schlofkummer. D'Pompjeeë vu Kanech, Duelem, Mutfert a Réimech waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO