Persoun a Spidol ageliwwertFoussgänger vun Auto ugestouss zu Esch-Uelzecht
De Foussgänger war grad dobäi iwwert den Zebrasträifen ze goen, wéi e vun engem Auto, deen deen Ament an d'Strooss ofgebéit war, erfaasst gouf.
Dat Ganzt war an der Rue de Luxembourg passéiert. D’Gefier hat de Foussgänger allerdéngs nëmme liicht touchéiert. Dëse koum mat liichte Blessurë fir eng Kontroll an d’Spidol.