
E Samu-Won huet sech ëm déi blesséiert Persoun gekëmmert. Och eng Ambulanz vun Diddeleng war op der Plaz, genee wéi d’Pompjeeë vu Suessem an Déifferdeng.
Zu Housen Op der Hei gouf géint 11 Auer dann nach eng Persoun blesséiert, nodeems zwee Autoe matenee kollidéiert sinn. Zwou Ambulanzen aus Clierf an aus Housen hu sech ëm de Blesséierte gekëmmert. D’Pompjeeë vun Housen waren och op der Plaz.
E Méindeg de Moie krute sech zu Uewerdonwen en Auto a e Bus ze paken. Eng Persoun gouf blesséiert. E bësse méi spéit gouf et um Kierchbierg an der Rue du Fort Thüngen eng Kollisioun tëscht engem Moto an engem Auto. Och hei ass de Bilan eng Persoun, déi verwonnt gouf. Dräi Leit koumen um 8.19 Auer um CR102 tëscht Mamer a Kielen zu Schued. Hei waren e puer Autoen am Coup.