
En Dënschdeg den Owend géint 19.30 Auer gouf eng Fra, déi gelaf ass, op der Jaansmillen zu Rolleng beim Foussgängertunnel vun engem elektresche Scooter ugestouss a liicht verletzt.
Deen Ament war ënnert anerem e Vëlosfuerer, mat enger giel-gréng-schwaarzer Vëlostenue an engem schwaarze Casque, an der Géigend. Dësen an aner Zeie solle sech bei der Police zu Miersch mellen, dat um 244-901000 oder per E-Mail police.mersch@police.etat.lu
E weideren Zeienopruff vun der Police wéinst Déifstall: E Mëttwoch am spéiden Nomëtteg krut e jonke Mann um Tramsarrêt Hamilius Richtung Kierchbierg an der Stad mat Gewalt eng Goldkette geklaut.
Véier jonk Männer waren un der Dot bedeelegt. Zeien, déi e Mëttwoch géint 17.30 an der Géigend waren an eppes matkruten, solle sech bei der Police an der Stad mellen um 244 40 1000 oder per E-Mail: Police.Luxembourg@police.etat.l.