Täter huet Kraazspuren a BasswonnFra huet Onbekannten an hirem Keller zu Wecker iwwerrascht

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, huet eng Hausbewunnerin vu Wecker en onbekannte Mann en Donneschdeg de Moie géint 7.20 Auer an hirem Keller iwwerrascht.
© RTL Archivbild

Et koum zu Handgräiflechkeeten tëscht dem Täter an der Fra, woubäi deen Onbekannte wuel Kraazspuren am Gesiicht an eng Basswonn op der Hand muss dervugedroen hunn. Hien ass an eng onbekannte Richtung geflücht.

De Mann war duerch eng oppe Kellerdier an d'Gebai an der Rue Duchscher erakomm, do wou och d'Hausbewunnerin sech deen Ament opgehalen hat. Hien hat säi Gesiicht hannert eng dräieckegen Duch verstoppt a war däischter ugedoen. Hien ass 1,80 Meter grouss an huet wuel südlännesch Originnen.

Trotz enger direkter ageleeter Sichaktioun, konnt den Onbekannte net ausgemaach ginn. D'Fra koum fir eng Kontroll an d'Spidol.

Sämtlech Informatioune si fir d'Police vu Maacher um 244-707500.

Back to Top
CIM LOGO