Am LokalenFra um Boulevard Royal iwwerfall, zwou gréisser Kläppereien

RTL Lëtzebuerg
D'Police war tëscht Samschdeg a Sonndeg e puer mol am Asaz, dat ënnert anerem wéinst engem Déifstall, Kaméidi a Kläppereien.
© CGDIS

E Samschdeg am Nomëtteg gouf eng Fra géint 16 Auer Affer vun engem Déifstall. Op der Kräizung tëscht dem Boulevard Royal an dem Boulevard Amélie ass si - warscheinlech vun dräi Mineuren - iwwerfall ginn. Si gouf vun hanne gepaakt an op de Buedem gezunn. D’Brigangen hu sech mat enger Auer an enger Ketten a Richtung Kinnekswiss duerch d’Bascht gemaach. D’Police huet no den Täter gesicht, ouni Succès. Ermëttlunge goufen opgeholl.

An der Nuecht op e Sonndeg gouf d’Police op verschiddene Plazen am Land och nees wéinst ze vill Kaméidi geruff ginn. Ronn 20 Uriff sinn an der Nuecht agaangen, gréisstendeels a Caféen a Baren. D’Ugeleeënheete konnten op der Plaz gekläert ginn.

Zwou gréisser Kläppereien

Et goufen awer och eng Rei Streidereien, bei deenen d’Police huet missen intervenéieren. Géint 3 Auer gouf d’Police zu enger Kläpperei mat ronn 20 Leit an engem Café zu Diddeleng geruff ginn. Nodeems d’Luucht un an d’Musek ausgemaach gouf, sinn eng Rei Leit openee lassgaangen. Et gouf Blesséierter, si wollten awer net fir eng Kontroll an d’Spidol. Et wollt och keen eng Plainte maachen. Eng Persoun, déi mat hirem aggressive Verhalen och Beamten ugepöbelt hat, gouf iwwer Nuecht mat op de Policebüro geholl. Et waren direkt e puer Patrullen néideg, fir d’Situatioun nees ze berouegen.

Eng zweet Kläpperei gouf der Police géint 3.30 Auer an der Stad an der Rue du Fort Neipperg. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Eng Persoun huet op der Plaz andauernd probéiert, d’Beamte bei der Aarbecht ze stéieren. Dës koum dowéinst dunn och an de Passagearrest. D’Affer vun der Kläpperei wollt selwer net aussoen. Och hei waren eng Rei Policepatrullen am Asaz.

Farerflucht zu Recken

Zu Recken ass e Samschdeg géint 20 Auer een Auto an ee Stroosseschëld gerannt. De Chauffeur huet sech duerno duerch d’Bascht gemaach. Well d’Placke vum Auto awer beim Accident erofgefall waren, konnten d’Beamte séier d’Adress vum presuméierte Schëllege fannen. Wéi d’Police un der Dier geschellt huet, huet d’Besëtzerin vum Auto dunn och zouginn, fir den Accident verantwortlech ze sinn. En Alkoholtest ass positiv verlaf, esou datt hire Fürerschäin agezu gouf.

Back to Top
CIM LOGO