Corona-PandemieFräiheeten an erlaabten Aschränkungen a Krisenzäiten

Lynn Cruchten
D’Corona-Pandemie huet eisen Alldag verännert. Villes wat mer gewinnt waren, ze maachen, gouf ageschränkt respektiv reglementéiert.
Fräiheeten an erlaabten Aschränkungen a Krisenzäiten
D’Corona-Pandemie huet eisen Alldag verännert. Villes wat mer gewinnt waren, ze maachen, gouf ageschränkt respektiv reglementéiert.

D’Covid-Restriktioune stousse bei verschiddene Leit op ferm Kritik. Eis Grondrechter géife mëssbraucht ginn an et dierft ee seng Meenung net méi fräi äusseren, heescht et vu Leit, déi d’Pandemie als Ligen oder op d’mannst net sou geféierlech ugesinn. D’Lynn Cruchten huet sech mam Professer Dokter Jörg Gerkrath vun der Uni Lëtzebuerg iwwer Fräiheeten an erlaabten Aschränkungen a Krisenzäiten ënnerhalen.

"Coronawahnsinn stoppen", "Querdenken", "Wir wollen unsere Grundrechte zurück", "Recht auf Meinungsfreiheit, freie Entfaltung und Selbstbestimmung" – dat sinn nëmmen e puer Opschrëfte vu Plakater, déi am Kader vun de Protester géint d’Corona-Restriktiounen an Däitschland  ze liese waren.

Demonstrante kritiséieren, datt ee sech wärend der Corona-Kris net méi fräi dierft äusseren. Dat wier net ganz richteg, erkläert de Professer Dokter Jörg Gerkrath vun der Uni Lëtzebuerg, hien ass Expert am Europarecht: D'Meenungsfräiheet gëllt natierlech ëmmer. Ausserdeem ass d'Meenungsfräiheet jo fir d'éischt emol eng Meenungsfräiheet vun de Gedanken an d'Gedanke si souwisou ëmmer fräi. Wat iwwerhaapt begrenzt ka ginn, ass d'Äusserung vun der Meenungsfräiheet, also d'Liberté d'expression."

Ma och déi wier trotz sanitärer Kris net ageschränkt. Duerch déi sozial Reseauen géif d’Meenungsfräiheet hautdesdaags awer mi dacks fir Hate Speech mëssbraucht ginn. Dobäi géife prinzipiell am Internet déi selwecht Reegele gëlle wéi an der Presse oder mëndlech.

Vill vun eise Grondrechter, erkläert den Uni-Professer, dierften ageschränkt ginn, soulaang et ëm d’Wuel vun der Allgemengheet géing goen: Zum Beispill ee Grond kéint sinn de Schutz vun der Gesondheet vun der Gesellschaft oder der ëffentlecher Gesondheet am Allgemengen, de Schutz vun anere Persounen, zum Beispill däerf ee Beleidegunge verbidden, well een domadder d'Privatsphär vun enger aner Persoun schützt.

D’Versammlungs- an d‘Demonstratiounsrecht géif och a Corona-Zäiten gëllen. Allerdéngs kéinte Protester, wéi et och zu Berlin de Fall war, opgrond vu Verstéiss géint d’Reegele vu Maskeflicht respektiv Ofstand halen, vun den Autoritéite verbuede ginn.

Meenungsfräiheet a Corona-Zäiten / Reportage Lynn Cruchten

Back to Top
CIM LOGO