
D’Françoise Jaminet hat e Mëttwoch Rendez-vous am Palais, wou si hiren Eed virum neie Grand-Duc Guillaume an a Presenz vun der Maréchale de la Cour Sasha Baillie ofgeluecht huet. Am Kader vun hirem neie Poste gëtt d’Françoise Jaminet Member vum Direktiounscomité vun der Maison du Grand-Duc ënnert der Presidence vun der Sasha Baillie.
An der Matdeelung vum Haff heescht et, de Grand-Duc hat der Françoise Jaminet no der Zeremonie “fir hir nei Funktioune felicitéiert”.