Urteel am Prozess CSV-FrëndeskreesFrank Engel a sechs weider CSV-Membere goufe fräigesprach

Diana Hoffmann
E Fräisproch gouf et en Donneschdeg de Moien op der ganzer Linn fir all déi siwen Ugekloten an der CSV-Frëndeskrees-Affär.
Frank Engel a sechs weider CSV-Membere fräigesprach
E Fräisproch gouf et en Donneschdeg de Moien op der ganzer Linn fir all déi siwen Ugekloten an der CSV-Frëndeskrees-Affär.

Dem fréieren CSV-Parteipresident Frank Engel war virgehäit ginn, siwe Méint enger fiktiver Beschäftegung nogaangen ze sinn. Dofir hat hien en Bruttosalaire vu 40.000 Euro kritt, an och seng Sozialkotistatioune vu ronn 8.500 Euro waren abezuelt ginn. Geld wat de Frank Engel mëttlerweil integral zréck iwwerwisen huet, well hien säin Optrag net erfëllt hätt. Nieft him ugeklot waren nach sechs aner CSV-Memberen.

Prozess CSV-Frëndeskrees Dag vum Urteel/Rep. Diana Hoffmann

D’Urteel war en Donneschdeg de Moien séier gesprach, méi séier nach esouguer, wéi d’Affär no der Denonciatioun duerch CSV-Membere viru Geriicht komm war.

Se stounge just zu drëtt virum Riichter, wou de Fräisproch gesprach ginn ass. Just de Frank Engel, de Félix Eischen an den André Martins Dias ware komm, fir d’Urteel entgéintzehuelen. Ma och d’Stéphanie Weydert, d’Elisabeth Margue, de Georges Pierret an de Georges Heirendt goufe fräigesprach. D’Erliichterung war deemno grouss.

Juristesch wier vun Ufank un näischt un der Affär dru gewiescht, seet de Maître François Prum. Déi Affär hätt ni dierfe viru Geriicht landen. Dëst haten all d’Affekote vun der Verdeedegung vun Ufank u gesot. Et wier net richteg gewiescht, datt de Parquet déi Affär poursuivéiert huet, mä lo hätt sech jo gewisen, datt d’Justiz sech net instrumentaliséiere géing loossen, sou de François Prum.

De Fank Engel ass besonnesch frou iwwert d’Urteel, net nëmme fir sech, wéi hie seet, mä och fir seng fréier Parteikolleegen, déi mat ugeklot waren. Déi ganz Saach elo roue loossen, wëll hien awer net. Hien iwwerleet sech elo, zesumme mat aneren, eng Plainte wéinst Dénonciation calomnieuse ze maachen. Déi Leit, déi dat Ganzt inzenéiert hunn, sollte sech emol Gedanken doriwwer maachen, wat elo hir Konsequenze kéinte sinn. Fir seng eege politesch Karriär kéint de Fräisproch méiglecherweis elo deem engen oder aneren hëllefen, sech mat him ze associéieren, mengt hien.

De Mâitre Max Lehnen huet dann am Prozess d’Stéphanie Weydert an d’Elisabeth Margue vertrueden, déi jo selwer och Affekot sinn, an d’Denonciatioun mat ënnerschriwwen haten. Datt e Fräisproch hei hätt musse geschwat ginn, war fir hie kloer, alles anescht net virstellbar. D’Justiz soll sech net instrumentaliséiere loossen, virun allem, wann et hei eventuell Kollateralschied mat sech brénge kéint, wéi dat bei senge Mandantinnen, dem Stéphanie Weydert an dem Elisabeth Margue, hätt kënnen de Fall sinn, seet hien. Si hätte sech just wéilten engagéieren an an aller Transparenz hir Funktioun als Verwaltungsrot an der ASBL CSV-Frëndeskrees wéilten ausféieren. Och an Zukunft wäerte si sech mat vollem Engagement an hirer politescher Karriär engagéieren.

Ma och de Félix Eischen steet weiderhin hannert senger Partei, knat awer wuel an deenen nächste Wochen a Méint nach un der Affär. Hien hätt sech scho vill Gedanke gemaach iwwert dat, wat geschitt ass an och iwwert d’Manéier, wéi d’Denonciatioun zustane komm ass, seet hien. Mä mat deene Gedanke misst hien elo selwer eens ginn, an da misst hie kucken, zu wéi enger Conclusioun hie kéim. Elo géing hie fir d’éischt emol opootmen an de Mëtteg schaffe goen, an domat senger Aarbecht als CSV-Deputéierten a Buergermeeschter nogoen. Den CSV-Parteipresident Claude Wiseler sot dann, datt hien d’Urteel zur Kenntnes geholl hätt, mä et net wéilt kommentéieren. Hien hofft, datt mat dësem elo Rou an d’Partei kéim a mat der Erneierung an der CSV kéint weider gefuer ginn.

Wann de Parquet elo net an Appell geet, war et dat domat mat der Affär. D’Justiz huet decidéiert, datt keng vun den Aktivitéite krimineller Natur gewiescht wier. D’Affekotin vum Frank Engel d’Maître Lydie Lorang hat wärend dem Prozess schonns gesot, si wier outragéiert vum Virgoe vun hirer Partei a bleift dobäi. Si wier nach ëmmer schockéiert. Dat Verhalen, dat hei vu verschiddene Leit un den Dag geluecht gi wier, wier net mat de Wäerter vun der Partei, fir déi si nach ëmmer astéing, vereenbar. Esou eppes géing een net maachen, wann een den “C” am Logo hätt.

Wéi laang d’Partei elo selwer nach un de Faiten ze knaen huet, an ob eng Plainte wéinst Dénonciation calomnieuse gemaach gëtt, bleift deemno ofzewaarden.

Back to Top
CIM LOGO