
Zu Lampech goufen zwou Persoune blesséiert, wéi um 17.45 Auer an der Zolwerstrooss zwee Autoen aneneegerannt sinn. Ënnert anerem war de Samu op der Plaz.
Zu Blaaschent gouf eng Persoun géint 20.30 Auer ugestouss a verwonnt. 3 aner Accidenter mat all Kéiers engem Blesséierte gouf et tëscht Manternach a Berbuerg, op der Bretelle vun der Tréier Autobunn op déi Diddelenger an zu Fréiseng an der Lëtzebuergerstrooss, do ass e Samschdeg de Moien um 4.20 Auer en Auto op d’Kopp gaangen.
Um 6.20 Auer gouf nach ee weideren Accident, déi Kéier zu Schwéidsbeng an der Rue du Port. Och hei gouf et ee Blesséierten.
Kuerz viru 15 Auer ass am Mëllerdall e Motocyclist gefall an um 16:40 déi selwecht Zeen tëscht Kruuchten an Essen. All Kéiers gouf eng Persoun verwonnt.
Dann nach zwee Accidenter géint 16.30 Auer, eng Kéier zu Schëffleng, mat zwee Gefierer an eng Kéier op der A1 tëscht Mamer an Arel mat engem Auto. Beim éischten Accident goufen 2 Persoune blesséiert, beim zweeten eng.
Et huet och op dräi Plazen am Bësch gebrannt. Bei Blaaschent an um Kierchbierg. An zu Lellgen stoung um 23.20 Auer nach eng Poubelle a Flamen. An der Stad huet da géint 13.40 Auer um Samschdeg eng Persoun Damp an engem Haus an der Rue Beaumont bemierkt.